Inhalt vun der Garantie

1. Inhalt vun der Garantie

D’Triple A Import GmbH gëtt dem Ennclient a Konformitéit mat den nofolgende Bestëmmungen eng Garantie op Material- a Veraarbechtungsfeeler. Ennclient ass all Verbraucher, deen d’Produkt keeft. Dës Garantiezäit bedréit 15 Joer a fänkt mam Oflaf vun der gesetzlecher Garantiefrist vum jeeweilege Staat, an deem de Keefer säi Wunnsëtz huet, un. Eventuell gesetzlech Rechter ginn duerch de Bestand vun dëser Garantie net beréiert. D’Garantie enthält Bestanddeeler, déi d’Funktioun vum Produkt beaflossen. Si enthält net déi äusserlech Verännerung duerch normaalt Ofnotzen oder accidentsbedéngt Beschiedegungen, Mëssbrauch oder Noléissegkeet. Des Weidere gëlt d’Garantie net beim Netbeuechte vun Notzungs- oder Montagehiweiser. Ausserdeem ass den eventuellen am Liwwerëmfank enthalenen Akku vun der Garantie ausdrécklech ausgeschloss. Ausserdeem si vun der Garantie Kondomer, Gläitmëttel, Massageueleger, Fleeg- a Botzmëttel (wéi Desinfektiounsmëttel, Pudder, asw.) Aphrodisiaka, Aktiounsprodukter an de Satisfyer One Night Stand ausgeschloss. Beuecht w.e.g., datt beim Probéieren den Apparat oder den Zubehör opzemaachen oder auserneenzehuelen, d’Garantie verfält. Ausserdeem ass d’Garantie net méi gëlteg bei onsaachgeméisser Installatioun oder Benotzung, Schied duerch méi héich Gewalt oder Naturkatastrophen, besonnesch, awer net ofschléissend bei Iwwerschwemmungen, Bränn oder Fraschtschied.

2. Ëmfank an an Usprochhuele vun der Garantie

Sollte wärend dem Garantiezäitraum Reklamatiounen entstoen a ginn eis dës ënner den nofolgend genannte Bedéngunge schrëftlech matgedeelt an nogewisen, erfollegt d’Garantieleeschtung op där Manéier, datt d’Triple A Import GmbH d’Produkt ersetzt. Den Usproch op d’Garantieleeschtunge besteet nëmme fir Schied um Kontraktsgéigestand selwer. Ausgeschloss si Fuerderungen no entgaangenem Gewënn a Schuedenersaz. Fir d’Garantie an Usproch ze huele muss beluet gi kënnen, datt d’Garantie zum Zäitpunkt vun der Ufro nach gëlteg ass. Versuergt w.e.g. dofir den Originalkafbeleg zesumme mat de Garantiebedéngunge fir den Zäitraum vun der Garantiedauer. D’Triple A Import GmbH behält sech vir, eng Garantiereparatur oder eng Garantiebestätegung ze verweigeren, wann dësen Noweis net virgewise konnt ginn. Bei Garantiefäll schéckt w.e.g. d’Produkt zesumme mam originale Kafbeleg un Terminal 2 Retourenannahme, Triple A Sales GmbH, Fuggerstraße 17, D-33689 Bielefeld, Däitschland. De Versand musst Dir bezuelen. D’Versandkäschte ginn net zréckbezuelt. Stellt w.e.g. sécher, datt d’Produkt am Fall vum Verschécke transportsécher verpaakt gëtt. Fir onsaachgeméissen Transport, onsaachgeméiss Verpakung oder Verloscht beim Zréckschécke vum Produkt iwwerhëlt d’Triple A Import GmbH keng Garantie.

3. D’Produkt weist kee Garantiefall op

Soulaang sech e Feeler un engem ageschéckte Produkt als duerch dës Garantie net gedeckt erweist, huet de Verbraucher d’Käschten, och vun eventuellen Aarbechtskäschten,. ze droen, déi beim Ënnersiche vum Produkt entstoen.

4. Réckfroen Ärersäits

Sollt Dir Problemer mat Ärem Satisfyer-Produkt oder Froen iwwer d’Benotzen oder e Garantieusproch hunn, kontaktéiert eis w.e.g. iwwer info@satisfyer.com.

5. Geriichtsstand an uwendbaart Recht

Op dës Garantie fënnt däitscht Recht ënner Ausschloss vum UN-Kafrechtsconventioun (CISG) vum 11. Abrëll 1980 Uwendung. Erfëllungsuert fir d’Verflichtungen aus dëser Garantie ass Bielefeld, Däitschland. Souwäit zouléisseg ass de Geriichtsstand Bielefeld, Däitschland.

 

Zuletzt angesehen